No enger 6:3-Victoire géint Lénger qualifizéiert sech d'Ekipp vu Recken fir d'Halleffinallen am Dëschtennis.

Am Kader vun de Qualifikatioune fir d'Halleffinalle vum nationalen Ekippechampionnat stounge sech e Sonndeg de Nomëtteg an der Lénger Sportshal d'Lokalekipp an den DT Recken géigeniwwer. Dee ganz spannende Match ass eréischt nom éischten Dubbel mat 6:3 zu Gonschte vu Recken ausgaangen. Doduerch huet Recken sech fréizäiteg fir d'Halleffinalle qualifizéiert. Krankheetsbedéngt konnt de Christian Kill bei der Ekipp vu Lénger net untrieden an hien ass duerch deen eréischt 13 Joer alen Aaron Sahr vertruede ginn, dee bis elo eréischt ganz sporadesch an der éischter Ekipp zum Asaz komm ass. Op dësem Sonndeg konnt de jonke Dëschtennisspiller awer säi Match géint den Gene Wantz gewannen.

Weider konnt sech den Houwald mat 6:1 géint Éiter-Waldbriedemes behaapten. Domat ass Houwald och an der Halleffinall.