
© FSV Mainz 05
Zanter 2017 spillt de Luka Mladenovic elo fir den FSV Mainz 05 an zanter dëser Saison och an der 1. Dëschtennis-Bundesliga.
D'lescht Saison ass de Lëtzebuerger Nationalspiller nämlech souverän mat Mainz opgestigen an déi éischt Liga.
Zanter kuerzem ass dann och gewosst, datt de 24 Joer ale Sportler aus dem COSL-Elitekader och déi nächst Saison an der 1. Bundesliga wäert untrieden. Hien huet säi Kontrakt beim Opsteiger nämlech ëm ee Joer verlängert. Wuel steet Mainz aktuell op der leschter Plaz an der Tabell, ma well nëmmen 11 Veräiner eng Lizenz fir déi 1. Bundesliga ugefrot hunn, wäert de Veräin vum Lëtzebuerger weiderhin éischtklasseg bleiwen. De Mammeveräin (Futtballveräin Mainz 05) huet den néidege Budget fir d'Dëschtennisekipp och schonns confirméiert.
Gutt an d'Saison gestart
Et war fir de fréiere Spiller vum DT Mamer e besonneschen Dag: den éischte Bundesliga-Match a senger Karriär an do huet de Luka Mladenovic direkt fir eng fauschtdéck Iwwerraschung gesuergt. De Lëtzebuerger huet sech do nämlech mat 3:0 géint den Omar Assar duerchgesat, deen deemools op der 21. Plaz an der Weltranglëscht stoung. Déi komplett Hironn iwwer war et fir de Luka Mladenovic ëmmer nees ee "Wow-Moment", fir virun allem auswäerts an deenen Halen ze spillen, déi hie fréier selwer vun doheem aus verfollegt huet. Déi 1. Dëschtennis-Bundesliga zielt zu de beschte Ligen an der Welt, wou de Lëtzebuerger et also all Spilldag mat Weltklass-Géigner ze di kritt. Deemno hunn Emotiounen an Nervositéit virun allem d'Hironn iwwer eng grouss Roll gespillt.
Grouss Ënnerscheeder tëscht der 1. an der 2. Bundesliga
Den éischten Ënnerscheed ass den Niveau vun den eenzele Spiller, ma dem Luka Mladenovic no ass de Spillsystem dee gréissten Ënnerscheed tëscht der 1. an der 2. Bundesliga. Esou gëtt just bis 3 gewonne Matcher gespillt an bis 6 wéi an der 2. Bundesliga. Deemno kritt all Match méi eng grouss Wichtegkeet, wat natierlech och nees méi Drock fir déi jeeweileg Spiller bedeit. Dorunner hu sech d'Spiller vu Mainz an och de Lëtzebuerger fir d'éischt emol misse winnen.
Schwiereg Zäit perséinlech an an der Ekipp
Vun November bis Januar war et mat déi schwéiert Zäit am Luka Ladenovic sengem Liewen, sportlech schwiereg, well hien huet Woch fir Woch kee Match gewonnen. Déif ënnert sengem Niveau gespillt, wéi hie selwer seet an de Spaass u sengem Sport verluer. D'Hironn ass dem Lëtzebuerger onendlech laang virkomm a war trotz deels gudde Resultater enttäuscht mat der Leeschtung. D'Néierlagen hunn nämlech iwwerwien, trotzdeem war hien houfreg op d'Victoirë géint ebe Weltklass-Spiller. Hien huet perséinlech vill Matcher knapp verluer, doduerch huet een dunn och als Ekipp verluer. Eng emotional Zäit fir de 24 Joer ale Sportler, wéi hien eis erzielt huet.

© FSV Mainz 05
Entwécklung wärend der Saison
De Luka Mladenovic ass sech awer bewosst, datt en duerch dës Phas misst goen, déi Erfarungen huet misse sammelen, fir sech net ënnerkréien ze loossen. Doduerch gestäerkt ass en an d'Réckronn gaangen an huet do wuel net mega vill Matcher gewonnen, nawell war en awer houfreg op d'Aart a Weis, wéi e gespillt a wéi e sech entwéckelt huet. Hien ass duerch d'Erfarungen, déi e gesammelt huet, aneschters un d'Matcher erugaangen an doduerch koum och d'Freed nees zeréck. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet kloer eng Entwécklung gespuert iwwer dës Saison, well hie seng Léieren aus der Hironn gezunn huet.
Muramatsu a Putuntica verloossen de Veräin
Den FSV Mainz hat dës Saison mam Yuto Muramatsu ee vun de beschte Spiller aus der Liga. Dëse verléisst fir déi nächst Saison de Veräin awer a Richtung Saarbrécken. Mam Andrei Putuntica wiesselt e weider Spiller bei en aner Veräin. Hie war e wichtegen Deel vun der Ekipp an hat genau wéi de Luka Mladenovic e groussen Undeel um Opstig an 1. Liga. Als Ekipp war een immens zesummegewuess, esou datt e schwéier ze akzeptéieren ass, datt hir gemeinsam Zäit op en Enn geet. Mainz huet awer och schonns zwee nei Spiller rekrutéiert. Den 22 Joer ale Rares Sipos wäert d'Ekipp d'nächst Saison verstäerken, genau wéi den 23 Joer ale Chines Li Yongyin.
Matcher knapp verluer - Mangel un Erfarung
Et war eng komplizéiert Saison fir den Opsteiger, well ee vill Matcher mam klengst méiglechen Ofstand verluer huet. Dem Luka Mladenovic no gouf et hei bei der Ekipp einfach nach e Mangel un Erfarung, wéi hien am RTL-Interview erkläert huet.

© FSV Mainz 05
Alldag vun engem Dëschtennis-Profi
De Profi-Sportler huet eis dann och erkläert, ewéi eng normal Woch bei him ausgesäit.