De Champion vun der leschter Saison gewënnt säi leschte Match mat 3:2.

Beim "Europe Trophy Men's Grand Final" zu Piräus a Griicheland huet sech Hueschtert-Folscht um Sonndeg mat 3:2 géint ADC Ponta Do Pargo aus Portugal duerchgesat. De Maël van Dessel hat d'Lëtzebuerger a Féierung bruecht, de Kevin Kubica hat fir déi tëschenzäitlech 2:1-Féierung gesuergt an de Gleb Shamruk huet Hueschtert-Folscht den decisiven drëtte Punkt geséchert. Soumat ginn d'Lëtzebuerger um Enn Fënneften ënnert insgesamt aacht Ekippen.

Um Samschdeg hat de Lëtzebuerger Champion vun 2022 zwou Néierlage kasséiert (1:3 géint Olympiacos Piräus, 2:3 géint Global Pharma Orlicz), awer och eng Victoire gefeiert (3:2 géint Libertas Marinkolor), soudass si sech an der Grupp op Plaz 3 klasséiert haten. Mat der 3:2-Victoire géint Ponta Do Pargo um Sonndeg gouf et en erfollegräichen Ofschloss fir d'Lëtzebuerger Ekipp.