Stroossen ass Coupegewënner bei den Hären, Mamer bei den Dammen
Béid Ekippen hu sech an hire Finalle kloer mat 3:0 duerchgesat.
E Samschdeg sinn am nationale Volleyball bei den Dammen an och bei den Hären d'Finalle vun der Coupe zu Walfer gespillt ginn.
Bei den Hären ass de VC Stroossen no enger 3:0-Victoire géint de VC Fenteng fir déi 15. Kéier Coupegewënner. Am éischte Saz huet d'Ekipp vu Stroossen gutt an de Match fonnt, krut et vun de Fentenger awer net all ze einfach gemaach. No engem 25:20 ass et an den zweete Saz gaangen, wou d'Stroossener weider staark bliwwe sinn. Hire Géigner konnte keng Reaktioun weisen a musse sech no 25:17 a 25:13 an den zwee leschte Sätz um Enn mat 0:3 geschloe ginn.
Bei den Damme konnt sech de VC Mamer an der Finall kloer mat 3:0 géint Bartreng behaapten a sech no 2022 och dëst Joer nees den Titel an der Coupe sécheren. Vun Ufank un huet ee gesinn, datt et fir déi Bartrenger ganz schwéier géif ginn. D'Mamer Ekipp war direkt gutt an de Match gestart a konnt sou den éischte Saz mat 25:12 fir sech entscheeden. Och am zweete Saz war Mamer weider déi besser Ekipp um Terrain, déi doropshin ouni gréisser Problemer op 2:0 gestallt huet. Mat engem Score vu 25:7 ass och den drëtte Saz u Mamer gaangen a sou séchere si sech de Coupe-Titel fir déi 14. Kéier an der Veräinsgeschicht vun den Dammen.