Den Eric Glod setzt sech mat 4:1 géint de Luka Mladenovic duerch. D'Tessy Gonderinger gewënnt mam selwechte Resultat géint d'Enisa Sadikovic.

Bei de Landesmeeschterschaften am nationale Sportzentrum Coque konnt den Eric Glod säin Titel aus dem vergaangene Joer verdeedegen an domat säi véierte Championstitel feieren. De Luka Mladenovic, dee beim FSV Mainz an Däitschland ënner Vertrag steet, konnt de Score opmaachen (11:4), duerno huet den Eric Glod, Spiller vum Wëntger Dëschtennisveräin, ausgeglach (15:13). Déi nächst Sätz sollte ganz serréiert sinn, mam besseren Ausgank fir den elo véierfache Landesmeeschter.

Dëschtennis - 1. Titel fir Tessy Gonderinger/Reportage Franky Hippert

An der Halleffinall hat sech den Eric Glod mat 4:0 géint de Maël van Dessel duerchgesat. De Luka Mladenovic hat sech mat deem selwechte Resultat géint den Cheng Xia behaapt.

Bei den Dammen housch d'Finall Tessy Gonderinger géint Enisa Sadikovic, mam besseren Ausgank fir d'Lëtzebuerger Nationalspillerin. D'Spillerin vum DT Rued konnt sech um Enn mat 4:1 géint hir 15-järeg Kontrahentin duerchsetzen; och wann de Match méi enk wéi de finale Score war.

Et ass den éischten Titel fir d'Tessy Gonderinger. D'Sarah de Nutte war dëst Joer aus perséinleche Grënn net bei der Competitioun ugetrueden a konnt domat hiren Titel net verdeedegen.

Déi nei Landesmeeschterin hat sech an der Halleffinall mat 4:0 géint d'Carole Hartmann duerchgesat an d'Enisa Sadikovic hat och bei engem 4:0 keng Probleemer mat der Dominique Kieffer.

Um Bord vum nationale Championnat am Eenzel war de Mëtteg och den Tirage vun den Halleffinallen am Ekippechampionnat. Den amtéierende Champion Hueschtert/Folscht kritt et mam Opsteiger DT Recken ze dinn a Berbuerg muss géint den Houwald untrieden.