D'Luerenzweiler Häre séchere sech déi 3. Plaz, bei den Damme wënnt Mamer

© AFP
Am Volleyball stoungen e Freideg d'Matcher ëm déi drëtte Plaz an der Novotel Ligue souwuel bei den Hären, wéi och bei den Dammen um Programm.
Bei den Häre gewënnt Luerenzweiler no 4 Sätz géint Dikrech. Bei den Dame gouf et no 3 Sätz eng Victoire fir Mamer géint Péiteng.
Hären
Bei den Häre sollt no 4 Sätz d'Decisioun ëm déi drëtte Plaz falen. Konnt Dikrech nach deen éischte Saz fir sech entscheeden (25:17), esou goufen déi aner Sätz alleguer verluer (27:29, 18:25, 25:27). Luerenzweiler séchert sech domadder déi 3. Plaz an der Novotel Ligue.
Dammen
Bei den Dammen huet sech dogéint de VC Mamer déi drëtte Plaz am Championnat geséchert. Dëst mat enger 3:0-Victoire géint de V80 Péiteng. Souverän an ouni gréisser Problemer kënnen d'Mamer Damme sech an 3 Sätz (25:16, 25:19, 27:25) géint d'Fraen aus dem Dräilännereck duerchsetzen.