Thomas Keinath a Matas Skucas verlängere beim DT Recken

Den Thomas Keinath / © Val Wagner
Wéi de Reckener Dëschtennisveräin matgedeelt huet, wäerten den Thomas Keinath an de Matas Skucas och déi nächst Saison zu Recken spillen.
Den DT Recken ass jo déi leschte Saison eréischt opgestigen a wousst dës Saison méi wéi ze iwwerzeegen. Den Opsteiger steet aktuell nämlech an der Halleffinall vum Championnat. Dorunner hunn natierlech och den Thomas Keinath an de Matas Skucas e groussen Undeel, dofir ass een ëmsou méi frou, d'Kontrakter vu béide Spiller verlängert ze hunn. Virun allem wäert den Thomas Keinath och weiderhin de Veräin als Trainer ënnerstëtzen an do virun allem vill vu senger Erfarung un déi jonk Spiller weiderginn. Deemno hofft een zu Recken, déi gutt Jugendaarbecht aus de leschte Jore weider ausbauen ze kënnen.

De Matas Skucas. / © Val Wagner
Mam Gene Wantz, deen zanter dëser Saison jo och an der héchster Divisioun matspillt, huet de Reckener Veräin gewisen, datt och hir Spiller aus der eegener Jugend op héchstem nationalen Niveau mat deene Beschte mathale kënnen.

Den Gene Wantz. / © Val Wagner
Den Thomas Keinath an de Matas Skucas fille sech allebéid wuel am Veräin an hu sech gutt integréiert. Béid Spiller ware frou, hire Kontrakt verlängeren ze kënnen, well si vum Projet vum Veräin iwwerzeegt sinn.