E Sonndeg war den Optakt vun den Halleffinallen am nationalen Dëschtennis-Championnat.

Hueschtert-Folscht a Berbuerg hate sech jo déi zwee direkt Tickete fir d'Halleffinalle geséchert, iwwerdeems Recken an den Houwald sech iwwer d'Playoff-Virronn fir d'Ronn vun de beschte 4 qualifizéiert hunn.

Den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht krut den Opsteiger Recken zougeloust, iwwerdeems Berbuerg et mam Coupe-Gewënner Houwald ze di krut.

Hueschtert-Folscht konnt sech e Sonndeg mat 5:2 géint Recken duerchsetzen. Beim amtéierende Champion wousst virun allem de Kevin Kubica ze iwwerzeegen. D'Hueschterter Nummer 4 huet nämlech souwuel géint de Matas Skucas wéi och géint den Gene Wantz gewonnen. Op Säite vu Recken war et just den Thomas Keinath, deen a senger beschter Form ugetrueden ass. D'Nummer 1 aus der Verbandsranglëscht huet nämlech seng béid Matcher gewonnen.

Déi aner Halleffinall tëscht Berbuerg an dem Houwald war e gutt Stéck méi spannend. Berbuerg war liicht favoriséiert a konnt de Match um Enn dann och knapps mat 5:4 gewannen. Dobäi hu si nees hir Stäerkt, dat heescht, datt si eng relativ ausgeglachen Ekipp sinn, ausgespillt. Alle 4 Spiller hunn nämlech 1 vun hiren 2 Matcher gewonnen an um Enn huet d'Koppel Henkens/Schwarz am decisiven Dubbel fir d'Decisioun gesuergt.