Stroossen léisst Bartreng keng Chance

© AFP (ARCHIV)
Bei den Damme ka sech an der éischter Finall vun der Best-of-Three Serie Walfer géint d'GYM duerchsetzen.
Souwuel bei den Häre wéi och bei den Damme war um Samschdeg den Optakt vun de Finallen.
Bei den Häre gewënnt de VC Stroossen géint Bartreng. Et war um Enn eng iwwerraschend kloer Sach fir déi Stroossener, déi no 3 Sätz mat 3:0 (25:18, 25:21, 25:21) géint de Volley Bartreng gewannen. Domat leit Stroossen an der Best-of-three Serie elo 1:o vir.
Bei den Damme ka sech Walfer mat 3:1 géint d'GYM duerchsetzen. D'Gym huet sengersäits den 1. Saz mat 25:22 konnte wannen. Am zweete Saz war et bis zum Schluss ganz enk, éier Walfer mat 27:25 konnt de Saz fir sech entscheeden. Dono war d'Loft bei der GYM eraus, a Walfer huet de Match dominéiert. Um Enn steet eng 3:1-Victoire (22:25, 27:25, 25:15, 25:14) zu Buch.
Am Playdown huet sech bei den Häre de Belair mat 3:1 (25:19, 17:25, 25:19, 30:28) géint Fenteng duerchgesat a bei den Damme geet Bartreng mat 3:0 (25:14, 25:16, 25:18) op Iechternach gewannen.