An den zweete Matcher vun de Finallen an de jeeweilege Championnater kéinten dëse Weekend schonn d'Decisioune falen.

Kënnen de VC Stroossen bei den Hären an d'Residence Walfer bei dem Dammen de Championstitel nom zweete Match an der Finall, déi nom Modus "best of three" gespillt gëtt, scho feieren? D'Chancë vu Stroossen géint Bartreng sti gutt, bei den Dammen dierft et fir Walfer géint d'Gym méi enk ginn.

Volleyball Final Championnat

An der éischter Final huet sech Stroossen kloer 3:0 doheem duerchgesat. E Samschdeg den Owend vun 17.30 Auer u kann d'Ekipp vum Trainer Massimo Tarantini de Sak schonn zu Bartreng zoumaachen, virun allem wann ee weess, datt déi Stroossener dës Saison, ausser der Supercoupe, ebe géint den aktuelle Géigner net ee Match verluer hunn:

"Mir wäerten elo probéieren, de Weekend dat elo zouzemaachen. Mir wäerten alles dru setzen, datt mir an zwee Matcher Champion ginn. Firwat mir d'ganz Saison esou dominéieren, ass eben d'Konstanz vun de Spiller, d'Trainingspresenz, akribesch schaffen an ech ka mech wierklech net beschwéieren iwwer meng Spiller a meng Ekipp."

Fir Stroossen kéint et deen 17. Championstitel an deen 8. Doublé an der Veräinsgeschicht ginn.

Bei den Dammen hat Walfer d'Konkurrenz an de leschte Joren och relativ gutt am Grëff. Dës Saison dréit et bei Nathalie Braass a Co. awer net esou ronn. An der Coupe gouf een an der Véierelsfinall vu Mamer eliminéiert, an och de leschte Samschdeg huet ee sech géint d'Gym an der éischter Partie beim 3:1 schwéier gedoen:

"Ech denken, datt d'Gym vum Niveau hir méi staark ass wéi d'lescht Saison. Si hunn direkt am Ufank vum Match e gudde Niveau gespillt. Fir eis war dee leschte Mount zimmlech schwiereg. Mir haten e Mount Paus, well mer jo an der Coupe net weiderkomm waren. Dee Match géint Mamer huet eis um Niveau vun der Confiance och en zimmleche Knacks ginn. An dem 3. a 4. Saz géint d'Gym hu mer eis Confiance nees e bëssen zeréckgewonnen an dat wäert eis sécher gutt doen, fir an de nächste Match ze starten."

D'Nathalie Braass an hir Matspillerinnen sinn e Samschdeg den Owend vun 20 Auer un bei der Gym am Asaz an wéilten da schonn gär hiren 8. Championstitel feieren.

Dir kënnt déi zwee Matcher natierlech och nees an der Live-Arena suivéieren.