An der 2. Finall gouf et eng kloer 3:0-Victoire zu Bartreng. Bei den Dammen huet sech Walfer mat 3:2 bei der Gym behaapt.

Genau wéi an der 1. Finall huet sech bei den Häre Stroossen kloer mat 3:0 (25:19, 25:19, 25:20) duerchgesat. Bartreng huet sech vun Ufank u schwéier gedoen a konnt mam héijen Tempo vu Stroossen net mathalen. An den zwee éischte Sätz huet sech Stroossen all Kéier séier en Avantage erausgespillt an huet dee bis zum Schluss net hierginn. Déi 3. Manche war beim 5:5 nach ausgeglach, Stroossen ass an der Suite awer nees fortgezunn. D'Heemekipp huet alles probéiert fir erunzekommen, ass awer permanent engem klenge Retard hannendru gelaf. Um Enn goung och dëse Saz mat 25:20 u Stroossen. Dës Victoire goung de Gäscht am Modus Best-of-Three duer, fir de 17. Championstitel an den 8. Doublé an der Veräinsgeschicht ze feieren.

Bei den Dammen war déi 2. Partie méi spannend. Nodeems Walfer déi éischt Finall mat 3:1 gewonnen hat, konnte si och den 2. Match ganz knapp mat 3:2 fir sech entscheeden. D'Gym hat besser an d'Partie fonnt an den 1. Saz mat 25:20 gewonnen. Walfer huet awer reagéiert an huet an de nächsten 2 Sätz all Kéier mat 25:20 d'Iwwerhand behalen. An der serréierter 4. Manche huet d'Gym Moral bewisen a mat 25:20 gewonnen. Am decisive Set louchen d'Gäscht schnell mat 4:0 vir. Dovu konnt sech d'Gym net méi erhuelen an huet um Enn mat 8:15 de Kierzere gezunn. Walfer konnt domadder den 8. Titel feieren.

Am Playdown gouf et en 3:0 (25:15, 25:18, 25:21)-Succès fir Bartreng géint de CHEV Dikrech.

Hären

Resultater Häre Finall

Dammen

Damme Finall

Resultater Damme Playdown