Queen and King of the Court zu Lëtzebuerg
Vum 27. Juni bis 1. Juli gëtt am Beachvolleyball de "Queen and King of the Court" organiséiert.
Mat Europameeschter, Olympiagewënner an dem Beschten, wat den europäesche Beachvolleyball ze bidden huet, invitéiert d'CEV , déi europäesch Volleyball-Konfederatioun, am Kader vun hirem 50. Anniversaire, op den Queen and King of the Court zu Lëtzebuerg.
En neit, innovatiivt Konzept, wat zesumme mam Lëtzebuerger Verband vum 27. Juni bis 1. Juli wäert organiséiert ginn. De Marc Burelbach mat weideren Explikatiounen:
Iwwerdeems am klassesche Beachvolleyball zwou Ekippen op zwee Gewënnsätz bis 21 Punkten géintenee spillen, kämpfen an dëser Formule bis zu fënnef Ekippe gläichzäiteg op engem Terrain ëm déi meeschte Punkte bannent 15 Minutten. Dofir muss een awer fir d'Éischt op d'King-Säit kommen, well nëmmen do ginn engem seng Punkte gezielt.
Nieft dem sportleche Reegelwierk, ass och de Kaderprogramm e Garant fir de Succès. Viru 5 Joer gouf den éischte Beachvolleyballtournoi an dëser Formule zu Utrecht an Holland ausgedroen. Mëttlerweil ginn et ëmmer méi Tournoien, déi an der ganzer Welt gespillt ginn.
Den Tournoi zu Lëtzebuerg ass déi zweeten offiziell Europameeschterschaft an deemno kënne mir eis op sportleche Weltniveau freeën. Gespillt gëtt bei der Coque, do wou och 2013 de Beachvolleyball am Kader vun de Spiller vun de klenge Länner ausgedroe goufen.