Dëschtennis
Houwald steet no spannendem Match an der Finall vum Championnat

© pressphoto (Archiv)
Den Houwald konnt sech e Méindeg an enger spannender an decisiver drëtter Halleffinall knapps mat 5:4 géint Berbuerg duerchsetzen.
An der Finall kritt de Coupe-Gewënner et elo mam amtéierende Champion Hueschtert-Folscht ze dinn. Berbuerg hat den éischte Match vun der Best-of-3-Serie gewonnen, iwwerdeems den Houwald den zweete Match fir sech entscheede konnt. Am decisiven drëtte Match stoung et no 8 Eenzel 4:4, esou datt d'Decisioun am Dubbel huet misse falen. Hei huet d'Koppel Koldas/Xia awer iwwerraschenderweis kloer mat 3:0 gewonnen, esou datt d'Ekipp vum Houwald sech fir d'Finall vum Championnat qualifizéiere konnt.
Am meeschte gelies