Lëtzebuerg mat zweeter Néierlag an EM-Qualifikatioun

© RTL (Archiv)
Nodeems d'Ekipp mam Roude Léiw e Freideg 0:3 géint Serbien verluer hat, gouf et um Samschdeg eng weider 0:3-Néierlag géint Italien.
D'Hären-Nationalekipp spillt dëser Deeg e Qualifikatiounsturnéier a Kroatien fir d'Europameeschterschaft zu Malmö a Schweden. Mat dobäi sinn den Eric Glod, de Luka Mladenovic, de Maël van Dessel an de Rerservspill Tom Scholtes.
E Freideg hat Lëtzebuerg den éischte Match an der Grupp 3 0:3 géint Serbien verluer a mat deem selwechte Resultat huet ee sech och Italien um Samschdeg musse geschloe ginn. De Luka Mladenovic hat kloer 0:3 verluer, den Eric Glod an de Maël van Dessel hu jeeweils mat 1:3 de Kierzere gezunn.
Lëtzebuerg gouf soumat Drëtten an der Gruppephas an huet déi direkt Qualifikatioun fir d'EM verpasst, huet awer nach d'Méiglechkeet, sech de leschte verbleiwenden Ticket fir déi kontinental Meeschterschaft ze sécheren. E Sonndegmoie geet et an der Halleffinall géint d'Schwäiz a bei enger Victoire steet nach eng Finall géint Spuenien, Litauen oder Israel um Programm.