An der Best-of-3-Serie huet de Veräin aus dem Weste vum Land no der 5:0-Victoire am éischte Match den zweete mat 5:3 géint den Houwald gewonnen.

No der klorer 5:0-Victoire am éischte Match vun der Best-of-3-Serie hat den DT Hueschtert-Folscht e Sonndeg schonn d'Chance, d'Finall vum Dëschtennis-Championnat fir sech ze entscheeden. Virun eegenem Public wollt den amtéierende Coupe-Gewënner Houwald et dem Champion aus dem leschte Joer awer schwéier maachen. E Sonndeg de Mëtteg war et dann och op d'mannst am Ufank méi eng spannend Partie, well no den éischte 4 Simplë stoung et 2:2. De Wang Xu konnt iwwerraschend kloer mat 3:0 géint de Gleb Shamruk gewannen, nodeems en dëse Match en Dënschdeg nach verluer hat. Den zweete Punkt fir den Houwald koum vum Xia Cheng, dee sech mat 3:1 géint de Kevin Kubica duerchsetze konnt. Op Säite vun Hueschtert-Folscht waren et de Zoltan Fejer-Konnerth an Maël van Dessel, déi jeeweils hire Match gewanne konnten.

An der Suite sollt eng kleng Virentscheedung falen, well Hueschtert-Folscht konnt déi nächst zwee Matcher allebéid fir sech entscheeden an esou op 4:2 stellen. Aus Siicht vun Hueschtert-Folscht war et virun allem extrem wichteg, déi zwee Matcher géint d'Nummer 1 vum Houwald ze gewannen, wat e Sonndeg och gegléckt ass.

Dono huet den amtéierende Champion also just nach ee Match misse gewannen, fir den Titel ze verdeedegen. An et war de Maël van Dessel, dee säi Match géint de Xia Cheng gewanne konnt an esou fir d'Decisioun gesuergt huet. Virdru konnt de Marc Dielissen nach fir den Houwald verkierzen. Hueschtert-Folscht gewënnt also d'Finall mat 5:3 an ass eng zweete Kéier an der Veräinsgeschicht Lëtzebuerger Champion.

D'Resultater am Iwwerbléck