D'Ni Xia Lian verléiert am Simpel, wéi och am Doubel zesumme mam Sarah de Nutte.

Am Simpel huet sech d'Ni Xia Lian e Méindeg den Owend an der Ronn vun de leschten 64 géint déi Däitsch Shan Xiaona knapp 3:4 misse geschloen ginn. Virdrun hat si am Doubel mam Sarah De Nutte schonn an der 32tels-Finall,  1:3 géint en Duo aus Hongkong verluer.

Och den Hären-Doubel, Eric Glod a Luka Mladenovic, gouf eliminéiert.

Och den Hären-Double Eric Glod a Luka Mladenovic huet sech am Tour vun de leschten 32 musse geschloen ginn. Si hu kloer mat 0:3 géint e franséischen Duo verluer.