Bei der EM vun de klenge Länner huet Lëtzebuerg sech duerch eng 3:0-Victoire (25:17, 25:23, 25:22) géint Malta Bronze geséchert. Gold geet un Island.

Bei der EM vun de klenge Länner huet Lëtzebuerg e Sonndeg an der Coque ëm déi 3. Plaz gespillt. No 2 däitleche Victoirë géint Malta an Irland um Freideg an enger knapper Defaite um Samschdeg géint Island hunn d'Dammen e Sonndeg op en Neits géint Malta gespillt.

Am Gymnase vun der Coque huet d'FLVB-Formatioun e ganz konzentréierten 1. Saz gespillt, bei deem ee séier mat 9:3 a Féierung louch. Um Enn konnt een de Saz no 22 Minutte mat 25:17 fir sech entscheeden. Am zweete Saz sollt et en Tick méi serréiert hiergoen. Malta wollt sech net esou séier geschloe ginn an huet de Réckstand quasi déi ganzen Zäit op 2 bis 3 Punkte gehalen. Beim Stand vu 24:23 fir Lëtzebuerg huet een den entscheedende Punkt awer gemaach an och deen zweete Saz fir sech entscheet (25:23).

Lëtzebuerg hat am drëtte Saz an deenen entscheedende Momenter déi besser Nerven. Mat 25:22 sollt dësen op en Enn goen. Domat gewënnt d'FLVB-Formatioun d'Bronzemedail bei der EM vun de klenge Länner.

Beim Match ëm déi 5 Plaz konnt sech Irland mat 3:0 (25:20, 27:25, 25:19) géint Nordirland duerchsetzen

D'Goldmedail geet un Island, déi sech um Sonndeg den Owend an der Coque mat 3:2 géint Schottland duerchgesat hunn.