En Dënschdeg war den zweeten Dag vun de Kompetitioune bei de Spiller vun de klenge Länner op Malta.

En Dënschdeg stounge vill Kompetitiounen um Programm, deemno waren och eng ganz Partie Lëtzebuerger am Asaz. Ugefaange mam Squash, wou d'Sandra Denis den Dënschdeg de Moien hir Halleffinall géint d'Lijana Sultana aus Malta knapp mat 1:2 (11:8, 5:11, 12:14) verluer huet. De Match ëm Bronze huet si awer gewonnen.

Am Dëschtennis war et iwwerdeems e gelongenen Optakt. D'Lëtzebuerger Dammen hu sech zweemol mat 3:0 géint Island, respektiv Zypern duerchgesat. D'Hären hunn hiren éischte Match géint Andorra och kloer mat 3:0 gewonnen. Am zweete Match géint Montenegro gouf et eng 3:1-Victoire.

Och am Tennis gouf et um Dënschdeg aus Lëtzebuerger Siicht just Victoiren. De Raphael Calzi, den Alex Knaff an d'Eleonora Molinaro hunn hiren Eenzel jeeweils däitlech gewonnen an och am Dubbel bei den Damme gouf et eng kloer Victoire fir d'Koppel Molinaro/Weckerle.

Nodeems am Basket d'Hären- an d'Dammennationalekipp e Méindeg géint Zypern gewonnen haten, stoung hinnen en Dënschdeg mat Montenegro méi e schwéiere Géigner géigeniwwer. D'Dammen hu sech an hirem Match mat 52:64 misse geschloe ginn. Och d'Hären hu beim 72:76 eng Néierlag missen astiechen.

Besser Nouvellë koumen aus dem Judo, well do huet d'Lëtzebuerger Delegatioun 4 Medaile gewonnen. Den Tom Schmit (bis 66kg), den Nick Kunnert (+100kg) an de Claudio Nunes do Santos (bis 73kg) hunn alleguerte Bronze gewonnen an d'Anetta Mosr gewënnt an der Kategorie bis 63kg Sëlwer.

Am Schwamme gouf et iwwerdeems déi éischt Goldmedail fir Lëtzebuerg. Do konnt nämlech de Florian Frippiat Gold iwwer 200 Meter Papillon gewannen. An der nämmlechter Course gouf et Bronze fir de Joao Carneiro. Iwwer 100 Meter Crawl gouf et Sëlwer fir de Rémi Fabiani a Bronze fir de Ralph Daleiden-Ciuferri. Spéider gouf et iwwer 200 Meter Réck bei den Hären eng weider Goldmedail fir Lëtzebuerg. Do konnt sech nämlech de Max Mannes déi éischt Plaz sécheren. Bei den 200 Meter 4Nages gouf et weider Medaile fir Lëtzebuerg: Sëlwer fir de Joao Carneiro a Bronze fir de Florian Frippiat.

RTL

Och an der Liichtathletik gouf et eng ganz Partie Medaile fir d'Lëtzebuerger Athleten an Athletinnen. Esou konnt d'Patrizia van der Weken hirer Favoritteroll iwwer 100 Meter gerecht ginn. Sëlwer gouf et fir d'Charline Mathias iwwer 800 Meter a fir de Bob Bertemes iwwer 10.000 Meter, genau wéi fir den zweete Bob BErtemes am Diskus. Donieft huet de Mathis Espagnet iwwer 800 Meter d'Bronzemedail kritt.

RTL

Vum Sportschéissen a Seegele leien eis nach keng Resultater vir.