De Grand-Duché ass a 6 Sportaarte vertrueden: Schwammen, Liichtathletik, Boccia, Basket, Vëlo an Dëschtennis.

Et ass dat weltwäit gréissten inklusiivt Sportsevenement, bei dem Sportler mat an ouni kognitiv Beanträchtegung untrieden. Vum 17. bis de 25. Juni sinn 190 Delegatiounen zu Berlin vertrueden. Och Lëtzebuerg ass mat 40 Leit dobäi. Insgesamt kommen op dësem Evenement 7.000 Athletinnen an Athleten an 20000 Benevoller beieneen. A 26 Sportaarte gëtt sech gemooss. Lëtzebuerg ass a 6 Sportaarte vertrueden: Schwammen, Liichtathletik, Boccia, Basket, Vëlo an Dëschtennis.

Special Olympics beschreift sech als eng global Beweegung, déi sech fir d’Inclusioun asetzt. Dofir ginn et an den Equippesportaarten och sougenannten "unified teams", wou Sportler mat an ouni kognitiv Beanträchtegung eng Ekipp bilden.

Mir hunn d’Dëschtennisspillerinnen, Danièle Jankowoy an d’Corinne Bremer, déi fir d’zweete Kéier am Dubbel zesumme starten, bei engem Training besicht. 2018 hu si di éischte Kéier als Ekipp gespillt an 2019 bei de Special Olympics World Games zu Abu Dhabi Gold gewonnen.

D’Danièle Jankowoy spillt zënter 21 Joer Dëschtennis an huet zu Abu Dhabi am Eenzel Bronze gewonnen. D’Corinne Bremer huet bis 1998 op héijem Niveau Dëschtennis gespillt an un Europa- a Weltmeeschterschaften deelgeholl.

"D’Olympiad vum Leeschtungssportler konnt ech leider ni maachen, do hunn ech mech net qualifizéiert dofir. Ech fannen awer vun der Ambiance hier, vum Wëllen ze wannen a vum Zesummeliewen, misst et ganz no drukommen. Mam groussen Ënnerscheed, datt et bei de Special Olympics World Games eben net à force ëm d’Gewanne geet. Mir si frou wa mer gewannen, mee hannendru steet eben e ganz anere Gedanken, vun der Inclusioun, vum Zesummeliewen. Mir probéieren eist Bescht, a wann mer eist Bescht probéiert hunn si mer och zefridden, och wann mer verléieren. Dat ass eben eppes ganz aneschtes wéi am Leeschtungssport", seet d’Corinne Bremer.

D’Geschicht vun de Special Olympics World Games geet op 1968 zeréck. D’Grënnerin ass d’Eunice Kennedy Shriver, eng vun de Schwëstere vum John F. Kennedy. Si huet sech hiert Liewe laang fir méi Rechter an Akzeptanz fir Mënsche mat enger kognitiver Beanträchtegung agesat. D’Behënnerung vun hirer eelster Schwëster, Rosemary Kennedy, huet si dozou beweegt, fir dat weltwäit gréissten inklusiivt Sportsevenement an d’Liewen ze ruffen.

Haut sinn d’Special Olympics mat méi wéi 5 Milliounen Athletinnen an Athleten an 174 Länner, déi weltwäit gréisste Sport-Beweegung fir Mënsche mat enger kognitiver Beanträchtegung, an offiziell vum Internationalen Olympësche Komitee (IOC) unerkannt.

Zënter Ufank den 90er Joren hëlt Lëtzebuerg un de Special Olypics World Games deel. Aktuell sinn eng 250 Sportler, déi reegelméisseg bei den Traininge vu Special Olympics Lëtzebuerg deelhuelen.