Gold am Dëschtennis, Schwammen, 3x3 an an der Liichtathletik

En Donneschdeg war de véierten Dag vun de Kompetitioune bei de Spiller vun de klenge Länner op Malta.
Am Basket am 3x3 war et een erfollegräichen Dag fir Lëtzebuerg. Wéi schonns e Mëttwoch hunn d'Lëtzebuerger Damme komplett dominéiert. Deemno konnte sech d'Lisa Jablonowski, d'Nadia Mossong, d'Cathy Schmit an d'Bridget Yoerger iwwer d'Goldmedail freeën. D'Lëtzebuerger Häre waren hirersäits ganz no drun, de Victor Stein, de Christophe Laures, de Sam Ferreira an de Scott Morton hunn d'Finall awer ganz knapp mat 20:21 verluer a musse sech mat der Sëlwermedail zefridde ginn.

Och am Judo gouf et Medaile fir d'Team Lëtzebuerg. Hei stoungen d'Ekippekompetitiounen um Programm. Bei den Dammen hunn d'Monique Kedinger an d'Anetta Mosr Sëlwer gewonnen, genau wéi bei den Hären de Bilgee Bayana, den Tom Schmit an de Joffrey Brisoux.
Am Squash kommen d'Lëtzebuerger Hären op déi drëtte Plaz an huelen domat eng Bronzemedail mat heem.
De Lyndon Sosa huet en Donneschdeg iwwerdeems am Double Trap och d'Bronzemedail kritt.
Am Dëschtennis hunn de Luka Mladenovic an den Eric Glod d'Revanche geholl fir déi knapp Néierlag an der Ekippekompetitioun um Mëttwoch. Si hunn am Dubbel nämlech géint d'malteesesch Koppel Wetzel/Prokopcov Gold gewonnen. D'Ariel Barbosa an d'Tessy Gonderinger goufe fir hire Kampfgeescht net belount a musse sech mat Sëlwer zefridde ginn.
Am Tennis huet d'Marie Weckerle en Donneschdeg d'Bronzemedail gewonnen. An der Halleffinall huet déi 20 Joer al Tennisspillerin sech dem Francesca Curmi aus Malta misse geschloe ginn. Am Dubbel Mixte hunn den Alex Knaff an d'Eleonora Molinaro sech fir d'Finall qualifizéiert.
Um zweete Kompetitiounsdag vun der Liichtathletik gouf et nees zwou Goldmedailen: eemol fir de François Grailet iwwer 110 Meter Hecken a fir de Bob Bertemes am Bommstoussen. Donieft gewannen de Charel Grethen, de Gil Weicherding an d'Victoria Rausch Sëlwer.

Am Schwamme gouf et nees zwou Goldmedailen. Iwwer 200 Meter Crawl huet de Pit Brandenburger gewonnen, dat virum zweete Lëtzebuerger Max Mannes. Och huet d'Häre-Staffel am 4x100 Meter 4Nages Gold gewonnen. Donieft gouf et nach eemol Sëlwer fir de Remi Fabiani an eng Bronze fir de Joao Carneiro.
Am Ganzen huet d'Team Lëtzebuerg haut 6 Gold-, 9 Sëlwer a 5 Bronzemedaile gesammelt. Domat ass dat de bis elo erfollegräichsten Dag fir de Grand-Duché.
Am Medailespigel huet een elo 12 Goldmedailen, 17 Sëlwermedailen an et gouf och 18 Mol Bronze.