Gold am Rugby a Schwammen, zweemol Sëlwer am Tennis

E Freideg war de fënneften Dag vun de Kompetitioune bei de Spiller vun de klenge Länner op Malta.
Am Basket war et e gudden Dag fir d'Team Lëtzebuerg, well esouwuel d'Damme wéi och d'Häre sécher eng Medail hunn. D'Damme stinn nämlech, no enger Victoire géint Malta, an d'Hären nom Succès géint Zypern an der Finall.

Do sinn d'Lëtzebuerger Hären am Rugby hinnen awer schonn eppes viraus, well si hunn haut d'Goldmedail gewonnen. Bei den Dammen ass leider keng Medail erausgesprongen, si hunn de Match ëm Bronze géint Montenegro verluer.
Am Squash hunn de Mark Radley an den Amir Samimi am Dubbel bei den Häre Bronze gewonnen. Genau wéi d'Sandra Denis an d'Michèle Meyer bei den Dammen.
No der Goldmedail am Dubbel um Donneschdeg ass et e Freideg am Dëschtennis mat der Eenzelkompetitioun weidergaangen. Bei den Hären hunn de Luka Mladenovic an den Eric Glod et allebéid an d'Halleffinall gepackt, wou si dann e Samschdeg géintenee spille mussen. Bei den Dammen huet déi amtéierend Landesmeeschterin Tessy Gonderinger sech an der Véierelsfinall misse geschloe ginn. D'Ariel Barbosa huet et an d'Halleffinall gepackt a kämpft um Samschdeg ëm eng Medail.
Am Tennis gouf et e Freideg zweemol Sëlwer. D'Eleonora Molinaro an d'Marie Weckerle hu sech am Dammen-Dubbel an der Finall mat zweemol 3:6 géint d'Koppel Curmi/Genovese aus Malta misse geschloe ginn an och am Dubbel Mixte zesumme mam Alex Knaff gouf et just Sëlwer fir d'Eleonora Molinaro. Hei gouf et an der Finall eng Néierlag géint eng Koppel aus Zypern.

D'Lëtzebuerger Schwëmmer hunn e Freideg dann och nees fir Goldmedaile gesuergt. Iwwer 50 Meter Réck konnt sech de Remi Fabiani duerchsetzen. Bronze war hei fir de Max Mannes. An iwwer 50 Meter Papillon huet de Julien Henx eng weider Goldmedail fir d'Team Lëtzebuerg gesammelt. De Joao Carneiro krut iwwer 400 Meter 4Nages iwwerdeems Bronze.
Um Freideg gouf et fir Lëtzebuerg am Ganzen 3 Mol Gold, 2 Mol Sëlwer a 4 Mol Bronze. Am Medailespigel huet de Grand-Duché als Drëtten elo also 15 Goldmedailen, 19 Sëlwermedailen an et gouf och 22 Mol Bronze.