Lëtzebuerg schléisst dës Editioun mat historeschem Gold of
E Samschdeg war de sechsten a leschten Dag vun de Kompetitioune bei de Spiller vun de klenge Länner op Malta.
D'Lëtzebuerger Hären hunn e Samschdeg fir déi alleréischte Kéier an der Geschicht vun de Spiller vun de klenge Länner Gold am Basket gewonnen. Domat schléisst d'Team Lëtzebuerg dës Editioun mat historeschem Gold of. D'Dammen hunn hir Finall verluer a musse sech mat Sëlwer zefridde ginn.
Am Squash gouf et am Dubbel Mixte Bronze fir d'Lëtzebuerger Koppel Duarte/Denis. Am Match ëm Bronze hu si géint den zweete Lëtzebuerger Dubbel gewonnen.
Och am Dëschtennis gouf et e Samschdeg nach 3 Medailen. De Luka Mladenovic an d'Ariel Barbosa hu jeeweils Bronze kritt, iwwerdeems den Eric Glod sech d'Sëlwermedail geséchert huet.
Donieft gouf et och an der Liichtathletik nach eng Partie Medailen. Iwwer 200 Meter bei den Häre goung d'Sëlwermedail un den David Wallig, iwwer 5.000 Meter huet de Bob Bertemes Bronze gewonnen, genau wéi den David Friederich iwwer 400 Meter Hecken.
Domat krut Lëtzebuerg um Samschdeg 1 Mol Gold, 3 Mol Sëlwer a 5 Mol Bronze. Am Medailespigel kënnt Lëtzebuerg um Enn op déi drëtte Plaz mat 16 Goldmedailen, 22 Sëlwermedailen an 28 Bronzemedailen.
