Wie wënnt d’Champions-League-Finall?

E Samschdeg den Owend krit et Manchester City am “Atatürk-Stadion” zu Istanbul mat Inter Mailand ze dinn.
Et ass déi éischte Kéier, datt béid Ekippe géintenee spillen.
Et ass réischt déi zweeten Champions-League-Finall, déi am Atatürk Stadion zu Istanbul gespillt gëtt. Déi éischt am Joer 2005, wéi Liverpool nach een 0:3-Réckstand dréinen an sech um Enn am Eelefmeterschéisse géint den AC Mailand behaapte konnt.
De grousse Favorit ass natierlech Manchester City. D’Ekipp vum Trainer Pep Guardiola ass dëst Joer einfach net ze stoppen an huet den Triplé aus Championnat, der englescher Coupe an der Champions League fest am Viséier. Fir d’”Citizens” ass et réischt déi zweet Champions-League-Finall, no der Defaite am Joer 2021 géint Chelsea. Um Wee fir an d’Finall konnten d'Sky Blues ënnert anerem RB Leipzig, Bayern München a Real Madrid eliminéieren, a sinn dës Saison an der Champions League nach ongeschloen.
D’Ekipp ronderëm de Kevin De Bruyne wëll sech sécherlech mam Gewënn vun hirer éischter Champions League an der Veräinsgeschicht veréiwegen a wier no Manchester United am Joer 1999 réischt den zweeten englesche Veräin, déi den Triplé kéint feieren. Och de Pep Guardiola kéint Geschicht schreiwen. De spuenesche Star-Trainer géing am Fall vun enger Victoire dee sechsten Trainer ginn, deen d’Champions League mat zwee verschiddene Veräiner (2009 an 2011 mat Barcelona) gewanne kéint a réischt deen drëtten Trainer, deen den “Henkelpott” 3 Mol an d’Luucht hiewe kéint. De Rekord läit do beim Carlo Ancelotti mat 4 Champions-League-Titelen.
Ënnerschätzen däerfe si hire Géigner allerdéngs net. Och wann Inter Mailand mat dem FC Porto, Benfica Lissabon an dem AC Mailand villäicht een Tick méi en einfache Parcours fir an d’Finall hat, konnt d’Ekipp vum Trainer Simone Inzaghi mat enger stabiller Defense iwwerzeegen an huet an der KO-Phase nëmmen 3 Goler missen hinhuelen. Déi lescht Champions-League-Finall fir Inter Mailand läit 13 Joer zeréck. 2010 konnte sech Nerazzurri zu Madrid duerch zwee Goler vum Diego Milito géint Bayern München duerchsetzen. Den italieenesche Coupe-Gewënner vun dësem Joer huet d’Saison am italieenesche Championnat op der drëtter Plaz ofgeschloss.
D’Decisioun ëm d’Champions-League-Kroun fält dann e Samschdeg vun 21 Auer un.
Vun 20.45 Auer u kënnt Dir wéi gewinnt um RTL ZWEE mat Commentaire vum Jeff Kettenmeyer a Paul Philipp live mat dobäi sinn.
E Stëmmungsbild vum Fanclub "Inter Club Luxembourg"
Iwwer 24.600 Italiener wunnen dem Statec no hei am Land. Grond genuch fir eis, e Fanclub vun Inter Mailand, den "Inter Club Luxembourg" besichen ze goen, fir nozefroen, wéi grouss D'Virfreed op dës éischt Finall zanter 13 Joer ass.

© Giacomo Fraccalvieri