An der Finall huet d'Lëtzebuerger Volleyball-Nationalekipp sech mat 3:0 géint Schottland duerchgesat.

Am Volleyball sinn d'Lëtzebuerger Häre Champion vun de klenge Länner.

No 3 Victoiren an den éischten dräi Matcher huet de Géigner e Samschdeg den Owend an der Finall Schottland geheescht. Um Enn konnt ee sech dach souverän an dräi Sätz mat 25:19, 25:22 an 25:15 zu Edinburgh behaapten a sech domadder de Championstitel sécheren.

Hei kënnt Dir de Match ëm d'Goldmedail am Replay kucken: