Wéi stinn d'Chancen op Medaile fir Lëtzebuerg zu Krakau?

© Photo by Klaudia Radecka / NurPhoto / NurPhoto via AFP
An de verschiddenste Competitioune sinn d'Lëtzebuerger op den European Games mat dobäi. An a verschiddene Sportaarte wier eng Medail duerchaus realistesch.
Vun e Mëttwoch den Owend bis den 2. Juli geet et bei der 3. Editioun vun den European Games zu Krakau a Polen nieft Medailen an Europameeschtertitelen och ëm Punkten am Olympia-Ranking a Quoteplaze fir d'Olympesche Spiller zu Paräis. 25 Lëtzebuerger Athlete si mat dobäi an de Sam Rickal huet sech déi Lëtzebuerger Chancen op Medaile méi genau ugekuckt.
Fir déi Lëtzebuerger Delegatioun sinn d'European Games 2023 no den Spiller vu de klenge Länner zu Malta dat zweet grousst Highlight bannent kuerzer Zäit. Viru 4 Joer sinn déi Lëtzebuerger Sportler mat 3 Medaile vu Minsk heemkomm. Mam Ni Xia Lian am Dëschtennis an dem Jenny Warling am Karate sinn zwou Bronzegewënnerinne vun deemools nees dobäi, allerdéngs wäert de Gilles Seywert no senger Sëlwermedaile 2019 am Bouschéisse feelen.
Ee grousst Fragezeiche steet awer hannert enger vun de fréiere Medailegewënnerinnen. D'Jenny Warling hat sech wärend dem Training am Dezember d'lescht Joer Kräizbänner gerass an huet zanterhier un hirer Comeback geschafft. D'COSL-Elite-Sportlerinn hat virun dëser Editioun vun den European Games awer keng Competitioun a wäert dëst Turnéier virun allem als Preparatioun op d'Weltmeeschterschaft am Oktober notzen.
Déi Lëtzebuerger Dëschtennis-Delegatioun wäert eng vun den Delegatioune sinn, déi eng Medail an Ugrëff kéint huelen. Grouss Hoffnungen léien do op der Dammen-Ekipp ronderëm d'Ni Xi Lian an d'Sarah De Nutte, déi jo schonn an der Vergaangenheet mat excellente Resultater op sech opmierksam gemaach hunn. Mam Eric Glod a Luka Mladenovic sinn zwee Lëtzebuerger am Häreneenzel mat dobäi. Donieft geet et am Mixed-Doubel fir den Duo De Nutte / Mladenovic ëm eng Quoteplaz fir Olympia.
Et ass déi éischte Kéier, datt déi Lëtzebuerger Triathlon Federatioun op engem Turnéier vun dëser Gréisstenuerdnung mat enger Mixed-Staffel un den Depart wäert goen. Wärenddeem d'Jeanne Lehair an d'Eva Daniëls just an der Mixed-Staffel untriede wäerten, sinn de Luca Cambrésy, Gregor Payet an den Bob Haller och am Häreneenzel mat dobäi. Virun allem d'Jeanne Lehair ass momentan an excellenter Form. Virun zwou Woche konnt déi 27 Joer jonk Athletin sech zur Europameeschterin kréinen a viséiert elo ee Succès mat der Lëtzebuerger Triathlonekipp un.
Fir déi aner Lëtzebuerger Athlete geet et virun allem drëm, Erfarung an déi néideg Competitioun op dësen internationalen Top-Niveau ze sammelen.
Lass geet et dann e Mëttwoch den Owend um 20.30 Auer mat der offizieller Ouverture vun den European Games. Do wäerten dann d'Ni Xia Lian an de Flavio Giannotte de Lëtzebuerger Fändel droen. Donieft ass zanter en Dënschdeg och déi Lëtzebuerger Liichtathletik-Delegatioun a Polen am Asaz. D'Ekipp ronderëm de Charel Grehten an d'Patrizia Van der Weke kämpft do ëm den Maintien an der Divisioun 2 vun der "European Team Championship", déi gläichzäiteg nieft den European Games a Polen wäert iwwert d'Bün goen. Nom éischten Dag läit déi Lëtzebuerger Delegatioun do awer nach op der leschter Plaz.