Lëtzebuerg organiséiert wärend fënnef Deeg e Beachvolleyball-Event vun der bësse méi spezieller Aart.

Vum 27. Juni bis den 1. Juli wäert Lëtzebuerg dat gréisst Beachvolleyball-Event vu senger Geschicht empfänken. Den Tournoi "Queen & King of the Court" huet sech nämlech an de leschte Joren eng international Renommée gemaach an zitt mat engem komplett ongewéinleche Spillformat déi bescht Spiller vun der Welt un.

Zu dëse Spiller gehéieren ë.a. d'Vize-Europameeschter Schweiner a Perusic aus Tschechien an och déi hollännesch Weltmeeschter vun 2013 a Bronze-Gewënner vun den Olympesche Spiller zu Rio 2016, Brouwer a Meeuwsen.

Zanter 2018 proposéieren déi international an europäesch Volleyballfederatioun dat neit Spillformat "Queen & King of the Court". Bis zu 5 Ekippe kämpfe gläichzäiteg 15 Minutte laang ëm Punkten. Den Terrain ass opgedeelt an eng King- oder Queen-Säit an eng Challenger-Säit. D'Zil ass, sou laang wéi méiglech op der King- oder Queen-Säit ze bleiwen. Op dëser Säit kënnen d’Ekippen nämlech Punkte sammelen. Déi, déi de Punkt gewannen, bleiwen um Terrain, wann net gëtt gewiesselt. Déi, déi um Enn vun de 15 Minutten déi meescht Punkten hunn, kommen an déi nächste Ronn.