Optakt vum "Queen and King of the Court" bei der Coque
Zanter en Dënschdeg ass fir d'Beachvolleyball-Fans eng méi lass hei zu Lëtzebuerg.
Wärend den nächste 5 Deeg gëtt um Kierchbierg den "Queen and King of the Court" gespillt. Den Tournoi ass an deene leschte Joren ëmmer méi populär ginn an zitt mat sengem ongewéinleche Spillformat déi bescht Spiller vun der Welt un. Nieft villen internationalen Top-Athlete sinn Lëtzebuerger Hären an Damme mat dobäi.
Et ass warscheinlech dat gréissten Beachvolleyball-Event an der Lëtzebuerger Geschicht. Mat ënnert anerem de Vize-Europameeschter Schweiner a Perusic aus Tschechien an den hollännesche Weltmeeschter vun 2013, Brouwer a Meeuwsen, ass een och dëst Joer nees international top besat.
Aus Lëtzebuerger Siicht si bei den Hären déi d'Koppele Complak/Terwindt a Weber/Hilbert mat dobäi. Bei den Dammen ass et dann den Duo Delcourt/Klerf, deen déi Lëtzebuerger Faarwe wäert vertrieden. Nieft dem ongewéinleche Spillformat mécht och déi gutt Stëmmung am Stadion dëst Turnéier zu eppes ganz Speziellem.
Zanter 2018 organiséiert déi international an europäesch Volleyball-Federatioun dëst Turnéier, dat mat groussem Succès. Allerdéngs ass d'Organisatioun vun esou engem internationalen Event ëmmer nees eng Hercules-Aufgab. Och dëst Joer hu sech verschidden Ekippe kuerzfristeg missen ofmellen. Och wann dat näischt Neies ass.
Wat d’Spillformat ugeet, kämpfe bis zu 5 Ekippe gläichzäiteg eng Véierelsstonn laang ëm Punkten. Den Terrain ass opgedeelt an eng Challenger-Säit an eng King- bezéiungsweis Queen-Säit. D'Zil ass et, esou laang wéi méiglech op der King- oder Queen-Säit ze bleiwen, well nëmmen do kënnen d'Ekippe Punkte maachen. Déi Ekipp, déi punkt, bleift um Terrain. Wann net, da gëtt gewiesselt.
Den Optakt aus Lëtzebuerger Siicht maachen e Mëttwoch d'Dammen Delcourt/Klerf ëm 19 Auer. Ëm 20.15 Auer spillt dann den Duo Complak/Terwindt, dat dann och an der Presenz vun der groussherzoglecher Koppel.
En Dënschdeg ass schonns Qualifikatioun gespillt ginn:
Weider Matcher am Replay fannt Dir och nach hei.
Wat versprécht "Queen and King of the Court" de Spectateuren?
Déi hollännesch Firma Sportworx huet 2017 en neit Beachvolleyball-Konzept an d’Liewe geruff. D'Konzept vum "Queen and King of the Court" gëtt als Zukunft vum Beachvolleyball presentéiert. Et ass eng modern Versioun vum traditionelle Beachvolleyball, verbënnt Sport op héijem Niveau mat Party-Atmosphär. Nei sinn d'Reegele fir d'Sportler, mee och sou munch Spectateuren. Fest Sëtzplaze ginn et keng. Et steet een an enger Arena op 3 Stäck ganz no ronderëm den Terrain an et kann een d'Sportler an Aktioun vu ganz noem suivéieren. Wärend dem Match gëtt déi ganzen Zäit och Musek gespillt. Déi nei Spillreegele verspriechen, dass et spannend bleift bis déi lescht Minutt vum Match. De Stadion gëtt iwwerall ronderëm d'Welt op- an ofgebaut, sou zum Beispill op der Plage zu Miami, zu Hamburg, zu Doha an eben elo och zu Lëtzebuerg. Dofir sinn 300 Tonne vun engem spezielle Sand-Mix nieft d'Coque bruecht ginn.
Nieft der Weltelite spillt och eng Lëtzebuerger Dammen- an Härenekipp mat. D'Iddi, fir Toppathleten op Lëtzebuerg ze bréngen, kënnt vun der Europäescher-Volleyball-Federatioun, der CEV. Den Daachverband ass hei zu Lëtzebuerg baséiert a feiert dëst Joer de 50. Anniversaire. Aus dësem Grond wollt een e Sportevent organiséieren an d'Lëtzebuerger fir de Volleyballsport begeeschteren.
De Präis fir d'Tickete geet bei 25 Euro lass. Eng privatiséiert Loge kritt ee vun 240 Euro un.