No 5 Deeg ass e Samschdeg den "Queen & King of the Court"-Turnéier um Kierchbierg op en Enn gaangen.

Trotz ufanks schlechtem Wieder waren och e Samschdeg nees vill Spectateure fir d'Finallen op de Gradinen. De Sam Rickal war fir eis mat dobäi an huet mat de Responsabelen e Bilan vun deem éischte groussen internationale Beachvolleyball-Turnéier zu Lëtzebuerg gezunn. Voll Tribünen, gutt Stëmmung a spannend Matcher waren iwwer 5 Deeg um Programm beim "Queen & King of the Court". Och deene Responsabelen ass déi gutt Ambiance vum Lëtzebuerger Public an de Spectateuren aus der Groussregioun net entgaangen. Mam Oflaf vum Turnéier ass een zefridden, sou de Bilan vum Thorsten Endres, Managing Director vum europäesche Volleyballverband (CEV).

Et war warscheinlech dat gréisste Beachvolleyball-Event an der Lëtzebuerger Geschicht. Zanter 2018 organiséiert déi international an europäesch Volleyballfederatioun dëst Turnéier, och wann e puer Top-Athlete wéinst Blessuren oder zäitleche Grënn hu missen ofsoen. An Zukunft ass awer net auszeschléissen, datt nees international Top-Turnéieren zu Lëtzebuerg organiséiert wäerte ginn, sou den Aleksandar Boričić, President vun der CEV.

Mat dobäi waren och 4 Lëtzebuerger Ekippen. Och wann der 3 vun hinnen et net gepackt hunn, sech souwuel iwwert d’Gruppephas, wéi och de Playoff vun de Leschtplazéierte fir d’Véierelsfinall ze qualifizéieren, konnt eng Ekipp fir eng kleng Iwwerraschung suergen. Den Duo Hilbert – Weber hat sech fir dee méi grousse Playoff qualifizéiert, huet sech do awer no enger gudder Leeschtung misse geschloe ginn.

Gewonne gouf dëst Turnéier bei den Damme vun den Europameeschterinne vun 2022 aus Lettland, Graudina an Samoilova. Bei den Häre konnt sech d'Koppel Ehlres – Wickler duerchsetzen. Fir déi zwee Däitsch ass et deen éischte groussen internationalen Titel, nom Gewënn vum däitsche Championnat d'lescht Joer. Hinnen huet hiren Openthalt zu Lëtzebuerg gutt gefall.

Insgesamt fält de Bilan vum éischte grousse Beachvolleyball-Event an der Lëtzebuerger Geschicht souwuel bei de Responsabele wéi och de Sportler positiv aus.

Hei fannt Dir all d'Artikele vum Event.

Fotogalerien