Beim WTT star Contender zu Ljubljana a Slowenien kommen d'Ni Xia Lian an d'Sarah De Nutte am Dubbel op déi staark zweet Plaz.

D'Lëtzebuergerinnen hu sech an der Finall mat 0:3 géint d'Chinesinne Wang Yidi (WR 2) a Kuai Man (WR 33) misse geschloe ginn. Déi chineesesch Koppel war um Enn also eng Nummer ze staark, nawell kënne si sech iwwer d'Sëlwermedail freeën. No den éischter enttäuschende Resultater aus de leschte Wochen, deemno nees e richteg gutt Resultat fir d'Lëtzebuergerinnen.

Bei der Präisiwwerreechung gouf et dunn och nach e Gebuertsdagskuch fir d'Ni Xia Lian, déi de 4. Juli 60 Joer al ginn ass.