Beach Volley zu Esch
Sport a Party op enger Plaz
Um Escher Gaalgebierg ass et dëse Weekend déi 28. Editioun vum BEACH OPEN am Volleyball. 1995 gouf déi éischte Kéier dëse JuxTournoi organiséiert.
72 Ekippen, 5 Terrainen an 1.000 Tonne Sand vun der Belscher Côte. Dat sinn d'Ingrediente fir d'Editioun 2023
E Match dauert 10 Minutten an et gi véier Spiller pro Ekipp. Et ass dee Rendezvous am Summer, dee sech kee wëll laanscht d'Nues goe loossen. An dobäi geet et mol net ëm eng gëlle Kou, mä de Spaass steet bei dësem Sportevent am Vierdergrond.
©
Christophe Hochard
©
Christophe Hochard
©
Christophe Hochard
©
Christophe Hochard
©
Christophe Hochard
©
Christophe Hochard
©
Christophe Hochard
©
Christophe Hochard
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Nieft dem Sport ass awer och fir Party gesuergt, dat ënner anerem e Samschdeg den Owend mat engem DJ a wuel och gudder Laun.
Am meeschte gelies