FLVB feiert 60. Anniversaire mat engem Gala-Match

© AFP
E Samschdeg um 20 Auer kritt et déi däitsch Hären-Nationalekipp mat Holland ze dinn.
Fir hire 60. Gebuertsdag organiséiert déi Lëtzebuerger Volleyballfederatioun e Samschdeg ee Gala-Match an der Coque. D'lescht Joer gouf och schonn een änleche Gala-Match organiséiert.
Dat fir den 20. Anniversaire vun der Coque. Deemools krut et Däitschland mat Italien ze dinn. D'Iddi war et, fir dëst Joer eigentlech ee Re-Match tëscht béiden Ekippen ze organiséieren. Firwat dat net geklappt huet an ob wat sech d'Spectateuren e Samschdeg den Owend kënne freeën, erkläert iech d'Presidentin vun der Lëtzebuerger Volleyballfederatioun, d'Norma Zambon.
"Leider hu béid Ekippe keen Datum fonnt. Mee duerch eis gutt Relatioune mat der däitscher Federatioun hu si eis gehollef de Kontakt zu den Hollänner hierzestellen. Mir sinn eis och mat hinnen eens ginn an doduerch gesinn d'Spectateuren deemno d'Nummer 6 (Däitschland) an d'Nummer 9 (Holland) vun der Welt an der Coque, déi mat hire komplette Kaderen ugereest sinn."
Souwuel Däitschland wéi och Holland notzen dëse Match als Preparatioun op d'Europameeschterschafts-Qualifikatioun Ufank September a profitéiere gläichzäiteg dovun, ee Stage hei zu Lëtzebuerg ze maachen. Sou kuerz virun der Competitioun wëlle béid Ekippe sech natierlech beschtméiglech aspillen. Et kann een also dovun ausgoen, déi grouss international Stare vu béiden Ekippen an der Coque ze gesinn.
"Bei Holland stécht den Nimir Abdel-Aziz eraus, dee schonn an Italien, Frankräich an a Polen gespillt huet. Aktuell steet hien an der Tierkei ënner Kontrakt. Zanter gëschter [Donneschdeg] sinn d'Hollänner mam ganze Kader hei zu Lëtzebuerg."
Och déi däitsch Ekipp ass mat hirem komplette Kader ugereest, mat ënner anerem dem Lukas Kampa, dem Christian Fromm an och dem Georg Grozer. De Match gëtt um 20 Auer an der Coque ugepaff. Weider Informatioune ginn et um Internetsite vun der FLVB.
