Flotte Gala-Match tëschent Däitschland an Holland
Am Kader vun hirem 60. Anniversaire huet déi Lëtzebuerger Volleyballfederatioun um Samschdeg Owend op e Gala-Match invitéiert.
Hei hunn den aktuell 6. an Europa, Däitschland, an den 9., Holland, Volleyball um Spëtzenniveau presentéiert. Bei ganz dompegen Temperature konnt sech Däitschland um Enn mat 3:1 duerchsetzen. An och wann d'Resultat net am Vierdergrond stoung, esou ass et fir Spectateuren natierlech méi spannend, wa sech d'Ekippe keng Kaddoe maachen, fir um Enn als Gewënner vum Terrain ze goen.
An dat hu si och gemaach. Am zweeten ewéi am drëtte Saz sinn esouwuel d'Hollänner, traditionell an Orange, ewéi och déi Däitsch bis un hir Limitte gaangen an et war ganz enk. Déi Sätz gounge mat engem knappe Score vun 31:33 an 32:30 op en Enn.
Béid Ekippe sinn an der direkter Virbereedung op d'Europameeschterschaft, déi nächst Woch ufänkt, an hunn den Deplacement op Lëtzebuerg fir de leschte Feischlëff genotzt.
Bei Däitschland war de Georg Grozer mat der Nummer 9 nees mat dobäi. No der Volleyball Nations League ass de gebiertegen Ungar eäi d'Ekipp gestouss a wëll seng Erfarung fir d'Europameeschterschaft mat abréngen.
Ma net nëmmen de Georg Grozer huet e Samschdeg de Spectateure mat staarke Servicer an Attacken imponéiert. Och den Nimir Abdel-Aziz op Säite vun den Hollänner konnt weisen, firwat hien zu de beschten Attaquanten op der Welt zielt.
D'Spectateure goufe mat Volleyball um héchsten Niveau verwinnt. Séier a präzis Passen, héich Blocken, an eng Defense, déi sech un all Situatioun flexibel upasse konnt, hunn zu flotten Echangë gefouert.
De Gala-Match war den Héichpunkt vum Deplacement op Lëtzebuerg, wou Holland an Däitschland zënter en Donneschdeg am Trainingsstage waren an déi dann och ganz zefridde mat der Ambiance an der Organisatioun waren.
Eng gelongen Organisatioun deemno, wou all Parteien op hir Käschte komm sinn.