Beachvolleyball
Duo Hilbert/Weber nach mat Chancen op d'Véierelsfinallen

© AFP (Archiv)
E Freideg gouf et eng Néierlag fir de Lëtzebuerger Duo.
Beim Beachvolleyball-Futures-Tournoi zu Brno an Tschechien hunn de Colin Hilbert an de Steve Weber hire Match e Freideg an der Haaptronn géint déi u 4 gesaten Norweger Sol/Munde mat 0:2 verluer.
Um Samschdeg de Moien 11 Auer hunn d'Lëtzebuerger nach eng Chance op d'Qualifikatioun fir d'Véierelsfinallen, wa si géint den däitschen Duo Lorenz/Stadie untrieden.
Gespillt gëtt op 2 Gewënnsätz bis 21 (eventuellen drëtte Saz bis 15 Punkten).
Am meeschte gelies