Beim World-Tour-Futures-Tournoi zu Brno an Tschechien huet sech d’Koppel Colin Hilbert a Steve Weber am Tiebreak musse geschloe ginn.

Am zweete Match vun der Pool D beim Beachvolleyball-Futures-Tournoi zu Brno an Tschechien hu sech de Colin Hilbert an de Steve Weber misse knapp den Däitschen Lorenz/Stadie geschloe ginn.

Nodeems d’'Lëtzebuerger den éischte Saz duerch ze vill Eegefeeler mat 17:21 verluer haten, hu si am zweete Saz richteg opgedréint an hiert Potenzial gewisen. Mat 21:17 konnte si de Saz gewannen.

Am decisiven drëtte Saz haten Hilbert/Weber e schlechte Start. Obwuel si sech nees erukämpfe konnten, war den Ecart ze grouss. Um Enn stoung et 15:12 zu Gonschte vun den Däitschen.

D'nächst Woch mussen d’'Beachvolleyballer beim Futures Tournoi zu Warschau a Polen nees duerch d'Qualifikatioun.