All Joer erdrénken an Europa ronn 20.000 Kanner

© pexels.com
Schwammen ass eng Sportaart, kann awer och eng Liewensversécherung sinn.
De leschten Zuele vun der Weltgesondheetsorganisatioun no, sinn zejoert nämlech weltwäit 236.000 Mënschen erdronk.
An Europa war d'Zuel vun de Kanner a Jugendlechen, déi erdronk sinn, extreem héich. De President vun der Schwammfederatioun, Marco Stacchiotti, schwätzt carrement vu engem Drama.

© pexels.com
"Mir schwätze vun iwwer 20.000 pro Joer. Et gëtt awer nach eng Grozuel vu 500.000, déi mentionéiert gëtt. Et handelt sech hei ëm Kanner, déi wuel gerett goufen, déi awer Sequelle behalen, duerch den temporären Manktem un Oxygen. All Land huet seng eegen Educatiounspolitik, déi der Saach soll preventiv entgéint kommen. Dat ass awer net ëmmer de Fall."
De Marco Stacchiotti sot och nach, datt méi misst op d'Thema vum Erdrénke sensibiliséiert ginn. An de Schwammveräiner kann ee bei eis am Land d'Schwamme léieren. Allerdéngs sinn d'Waardelëschten zum Deel ganz laang, well net genuch Piscinnen verfügbar sinn.