Dëschtennis
Sëlwermedail fir Ni a Mladenovic bei Turnéier a Bulgarien

© AFP
Beim WTT Feeder Panagyurishte gouf et eng gutt zweet Plaz am Double mixed fir den Duo Ni Xia Lian a Luka Mladenovic.
D'Lëtzebuerger Koppel konnte sech an der Halleffinall nach géint e südkoreaneschen Duo duerchsetzen, ma an der Finall gouf et eng kloer 0:3-Néierlage géint d'Chineese Zhou Kai a He Zhuojia.
Duerch de Gewënn vun enger weidere Sëlwermedail wäerten Ni a Mladenovic nees an der Weltranglëscht klammen.
Am meeschte gelies