Op der Ekippen-Europameeschterschaft am Dëschtennis zu Malmö a Schweden hunn d'Lëtzebuerger Dammen e Méindeg 3:2 géint Polen gewonnen.

No der 3:0-Victoire e Sonndeg géint Wales schléissen d'Sarah de Nutte, d'Ni Xia Lian an d'Tessy Gonderinger d'Gruppephase op der éischter Plaz of.