Dëschtennis - Ekippen-EM
Lëtzebuerg an der Aachtelsfinall eliminéiert

© ATP (Archiv)
D'FLTT-Dammen hu sech misse mat 1:3 géint Spuenien geschloe ginn.
D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp am Dëschtennis gouf en Donneschdeg bei der Ekippen-EM zu Malmö a Schweden eliminéiert. An den Aachtelsfinallen hu sech De Nutte a Co misse mat 1:3 géint Spuenien geschloe ginn.
Den eenzege Punkt fir Lëtzebuerger hat d'Ni Xia Lian gemaach. Si hat déi spuenesch Nummer 1 Xiao Marie mat 3:1 geklappt.
Am meeschte gelies