Häre vu Stroossen séchere sech no 3:0 géint Fenteng den Titel
An der Supercoupe vun den Dammen huet och den RSR Walfer säi Géigner Mamer bannent dräi Sätz geschloen.
E Samschdeg stoung bei den Dammen a bei den Hären d'Supercoupe um Programm, wou de Champion an de Coupegewënner aus der leschter Saison openeegetraff sinn.
Fir d'Damme vum RSR Walfer ass et hei eng däitlech 3:0-Victoire géint de VC Mamer ginn. Mat 25:19, 25:18 a 25:11 war de Match no dräi Sätz entscheet an d'Spillerinne vu Walfer konnten domat den éischten Titel vun der Saison sécheren.
Och bei den Hären huet sech de Gewënner mat enger 3:0-Victoire den Titel vun der Supercoupe geséchert. D'Ekipp vum VC Stroossen huet sech hei e Samschdeg den Owend mat 25:12, 25:14 a 25:19 no dräi Sätz géint de VC Fenteng duerchgesat.