De leschte Weekend war den Optakt vum nationalen Dëschtennis-Championnat, wou et direkt zur Neioplo vun der Finall vun der leschter Saison koum.

Hei konnt sech den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht mat 6:3 géint den Houwald duerchsetzen. An engem weidere Spëtzematch tëscht Lénger a Berbuerg, wousst déi leschtgenannt Ekipp duerchaus ze iwwerzeegen. Mat 6:2 huet ee sech däitlech géint Lénger duerchgesat.

Donieft konnt den Opsteiger Lëntgen sech mat 6:4 beim Halleffinalist aus dem leschte Joer, dem DT Recken, behaapten. Bei de Reckener huet allerdéngs den Thomas Keinath blesséiert gefeelt.

Diddeleng wënnt iwwerdeems 6:3 doheem géint Iechternach an d'Union huet sech mat 2:6 géint Rued misse geschloe ginn.