Kloer Victoiren zum Saisonsoptakt

© Pressphoto (Archiv)
Um éischte Spilldag vun der neier Saison hu sech d'Favoritte souwuel bei den Damme wéi bei den Hären duerchgesat.
Hären
Um éischte Spilldag gouf et kloer Victoirë fir Dikrech géint Iechternach (3:0 - 26:24, 25:22, 25:20). Den éischte Saz war immens serréiert an Dikrech hat déi méi glécklech Hand. Nodeem sech am zweete Saz dat selwecht Bild gewisen hat, war de den drëtte Saz méi kloer fir de Chev ausgaangen.
E manner serréierte Match gouf et zu Luerenzweiler, wou d'Lokalekipp mat 3:0 (25:16, 25:10, 25:16) géint Fenteng gewënnt.
E Sonndeg huet sech Bartreng och net allze schwéier gedoe mat der Ekipp vum Belair a gewënnt kloer an dräi Sätz 3:0 (25:13, 25:18, 25:20), woubäi de Belair sech an all Saz steigere konnt.
D'Resultat vu Stroossen géint Amber-Lënster läit eis net vir.
Resultater Hären
Dammen
Bei den Dammen huet sech d'Gym Bouneweg3:1 géint Péiteng duerchgesat (25:14, 24:26, 25:20, 25:14). Nodeems Péiteng am éischte Saz kloer ënnerleeë war, hu si sech an engem serréierten zweete Saz zeréckgekämpft an och den drëtte Saz ganz laang ausgeglach gestalt. Am véierte Saz hat d'Gym dann nees d'Iwwerhand a gewënnt kloer.
Stengefort hat beim 3:0 géint Bartreng (25:21, 25:22, 25:19) net vill Problemer, genee wéi Mamer bei der 3:0-Auswäertsvictoire zu Dikrech (25:11, 25:14, 25:6).
An der Sonndespartie huet sech Walfer mat 3:0 (25:17, 25:23, 25:20) géint Esch duerchgesat, woubäi déi Escher sech am zweeten an am drëtte Saz gutt verkaf hunn an no um Sazgewënn waren.