Donieft steet d'Ni Xia Lian beim internationalen Tournoi a Schweden am Eenzel an der Halleffinall.

D'Ni Xia Lian an d'Sarah De Nutte hu sech e Freideg beim WTT Feeder Stockholm souverän an der Halleffinall vum Dammen-Dubbel géint d'Koppel Camille Lutz / Barbora Balazova behaapt. Si hu just missen den drëtte Saz ofginn, hate fir de Rescht d'Partie ëmmer ënner Kontroll. Domadder steet d'Koppel aus Lëtzebuerg e Samschdeg um 16 Auer an der Finall vum Dammen-Dubbel. Hei musse si géint d'Schweedinne Linda Bergström a Christina Kallberg untrieden.

Excellent leeft et den Ament och fir d'Ni Xia Lian am Eenzel. No engem kloren 3:0 géint d'Camille Lutz steet d'Lëtzebuergerin an den Halleffinallen. Hei krit si et e Samschdeg de Moie mat der Japanerin Sakura Mori ze dinn.