D'Lëtzebuerger Koppel konnt sech an der Finall souverän géint een Duo aus Schweeden duerchsetzen.

D'Sarah De Nutte an d'Nia Xia Lian hunn d'Finall vum Dammen-Dubbel beim WTT Feeder Stockholm a Schweden gewonnen. D'Lëtzebuergerinnen hu sech e Samschdeg iwwerraschend däitlech mat 3:0 géint d'Schweedinne Linda Bergström a Christina Kallberg duerchgesat.

D'Ni Xia Lian war e Samschdeg dann och nach an der Halleffinall am Eenzel gefuerdert. Hei huet si sech allerdéngs misse mat 2:3 der Japanerin Sakura Mori geschloe ginn an huet domadder d'Finall verpasst.