Lénger klappt Recken a Berbuerg gewënnt géint den Houwald

© pressphoto (Archiv)
De Weekend stoung am nationalen Dëschtennis-Championnat den drëtte Spilldag um Programm.
Den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht konnt sech souverän mat 6:0 doheem géint Iechternach duerchsetzen. Den Opsteiger Lëntgen gewënnt mat 6:2 géint d'Union an Diddeleng gewënnt eng spannend Partie liicht iwwerraschend géint Rued.
Lénger konnt sech iwwerdeems géint den Halleffinalist aus dem leschte Joer, den DT Recken, duerchsetzen. Dobäi huet de Reckener Thomas Keinath seng éischt Néierlag iwwerhaapt am Lëtzebuerger Championnat missen astiechen, dat géint de Christian Kill. Um Enn wënnt Lénger de Match mat 6:2.
Am Spëtzematch tëscht dem Houwald a Berbuerg koum et zur Neioplo vun der Halleffinall vun der leschter Saison an do konnt Berbuerg Revanche huelen. Henkens, Fuentes, Schwarz a Scholtes gewannen nämlech 6:3 um Houwald.
Deemno bleiwen Hueschtert-Folscht a Berbuerg weiderhin ouni Néierlag un der Tabellespëtzt.