D'Spëtzenduell ass mat 5:5 op en Enn gaangen an domat bleiwe béid Ekippe weider ongeschloen un der Tabellespëtzt.

E Samschdeg war am nationalen Dëschtennis-Championnat de 4. Spilldag. An der Spëtzepartie tëscht Berbuerg an Hueschtert-Foulscht deele sech d'Ekippen mat engem 5:5 d'Punkten. E Remis gouf et dann och tëscht Rued an dem Houwald, d'Union huet mat 2:6 géint Lénger de Kierzere gezunn a fir Lëntgen ass et zu Iechternach eng 6:3-Victoire ginn.

E Sonndeg ass et dann nach fir den Ofschloss vum 4. Spilldag zum Duell tëscht Recken an Diddeleng komm. Béid Ekippen spille 5:5-Gläich.

D'Resultater am Iwwerbléck