Bei den Damme konnte sech den Gym Volley, Stengefort, Walfer a Mamer duerchsetzen.

E Samschdeg war am nationale Volleyball-Championnat den 3. Spilldag bei den Dammen a bei den Hären.

Hären

Bei den Häre si Stroossen, Bartreng a Luerenzweiler weider zu Drëtt ongeschloen an ouni Punkteverloscht. Fir de VC Stroossen gouf et eng 3:0-Victoire géint Fenteng, de Volley Bartreng huet sech mat 3:0 géint Iechternach behaapt a Luerenzweiler hat an engem enken Duell géint Dikrech mat 3:2 d'Iwwerhand.

E Sonndeg huet den VC Belair an engem ganz spannendem Match a 5 Säz géint Amber-Lënster gewonnen.

Resultater Hären

Dammen

Bei den Damme sti mam Gym Volley a Walfer zwou Ekippe mat néng Punkten aus dräi Matcher un der Tabellespëtzt. Den Gym Volley konnt sech e Samschdeg mat 3:0 géint Dikrech duerchsetzen an d'Residence Walfer mat 3:0 zu Péiteng. Am drëtten a leschte Match vum Owend gouf et och nach fir Stengefort en 3:0-Succës géint den Escher VBC.

E Sonndeg huet zum Ofschloss vum Spilldag nach de Volley Bartreng dohem kloer géint de VC Mamer 0:3 verluer.

Resultater Dammen