Houwald a Récken spille 5:5, Diddeleng klappt den DT Union

© RTL (Archiv)
Um Sonndeg war am nationalen Dëschtennis-Championnat d'Suite vum 5. Spilldag.
Union hat keng Chance zu Diddeleng a verléiert däitlech mat 1:6. An der zweeter Partie e Sonndeg spillen Houwald a Recken 5:5.
Schonn e Samschdeg huet an der eegener Hal Hueschtert-Foulscht géint den DT Rued näischt ubrenne gelooss a sech mat 6:2 duerchgesat. Bei Hueschtert-Foulscht waren et de Mats Sandell an de Maël van Dessel, déi hir béid Matcher gewanne konnten.
Ouni de Kapitän Christian Kill konnt Lénger d'Partie zu Lëntgen mat 6:4 fir sech entscheeden, d'Decisioun ass deemno eréischt am Dubbel gefall.
Mat 2:6 huet Iechternach sech missen doheem géint den DT Berbuerg geschloe ginn. Bei Berbuerg hunn den Tom Scholtes an den David Henkens hir béid Matcher gewanne kënnen.
Hueschtert-Foulscht a Berbuerg bleiwen domat ongeschloen a leie mat 14 Punkten aus 5 Matcher weider un der Tabellespëtzt. Lénger läit mat engem Punkt manner op Plaz 3, Diddeleng steet no der Victoire géint Union op der 4. Plaz an der Tabell.