Volleyball Challenge Cup
Stroossen no Defaite doheem eliminéiert, Out och fir Luerenzweiler
An der Slowakei war dem VC Stroossen nach eng 3:2-Victoire géint de VK Spartak UJS Komarno gelongen.
Ma virum eegene Public sollt et en Dënschdeg den Owend net fir eng zweet Victoire duergoen. Stroosse verléiert de Match géint d'Gäscht aus der Slowakei mat 1:3 (17:25, 25:17, 19:25, 20:25).
No béide Matcher huet d'Ekipp aus der Slowakei also insgesamt 5 Sätz fir sech decidéiert. Stroossen kënnt dogéint nëmmen op 4 gewonne Sätz an ass domadder aus dem Challenge Cup eliminéiert.
Volleyball Challenge Cup / Reportage Marc Burelbach
E Mëttwoch den Owend huet iwwerdeems och de VC Luerenzweiler den Dram vum Challenge Cup misse opginn. No der 1:3-Néierlag heiheem, hu Chris Zuidberg a Co. och a Rumänien géint Bukarest verluer a sinn domat eliminéiert.
Am meeschte gelies