Iechternach an Dikrech ouni Problemer eng Ronn weider

© Pressphoto (Archiv)
Bei den Häre war et e Sonndeg eng kloer Ugeleeënheet, bei den Damme goung d'Partie Wolz géint Dikrech iwwer fënnef Sätz.
E Sonndeg waren am nationale Volleyball bei den Dammen a bei den Hären déi lescht Matcher vun den Aachtelsfinallen an der Coupe de Luxembourg.
Hären
Eng kloer Saach war et e Sonndeg am spéide Mëtteg zu Biissen, wou de CHEV Dikrech sech mat 3:0 (25:17, 25:17, 25:20) behaapte konnt. Zwar waren déi Biissener an den eenzele Sätz net komplett ouni eng Chance, ma um Enn sollt et awer net duergoen den Dikrecher ee Been ze stellen.
Och zu Stengefort war de Match séier entscheet, wou d'Lokalekipp mat 0:3 (15:25, 23:25, 13:25) géint Iechternach de Kierzere gezunn huet. Bis op e staarken zweete Saz vu Stengefort waren déi Iechternacher de ganze Match iwwer dominant a zéien domat an déi nächst Ronn an.
E spannende Match huet sech e Samschdeg de Spectateuren zu Walfer gebueden. Um Enn konnt sech d'Résidence Walfer mat 3:2 (23:25, 25:23, 25:22, 21:25, 15:12) géint den Zweetdivisionär vu Péiteng behaapten. Déi éischt véier Sätz waren immens serréiert a béid Ekippe konnten der zwee fir sech entscheeden, firwat et en decisive fënnefte Saz gebraucht huet. An dësem decisive Saz huet Walfer d'Iwwerhand behalen.
E weidere serréierte Match gouf et tëscht dem Escher VBC an dem VC Belair. Och hei ass de Match iwwer fënnef Sätz gaangen, mat dem besseren Enn fir d'Lokalekipp. Esch setzt sech 3:2 (25:22, 23:25, 18:25, 25:15, 15:13) duerch. Déi éischt zwee Sätz waren immens enk, déi zwee duerno ware méi eesäiteg. Am fënnefte Saz huet Esch mat 15:13 d'Iwwerhand behalen a steet domat an der nächster Ronn vun der Coupe de Luxembourg.
De VC Luerenzweiler hat beim 3:0 (25:14, 25:9, 25:17) géint Amber-Lënster guer keng Problemer. D'Resultat vun 3:0 gesäit zwar däitlech aus, mee ee VC Stroossen huet sech am Match géint Bartreng musse strecken, fir schonn no dräi Sätz (25:21, 27:25, 25:21) an déi nächst Ronn anzezéien.
Dammen
Bei den Dammen huet sech Wolz an engem immens serréierte Match no fënnef Sätz mat 3:2 (25:22, 25:27, 16:25, 25:19, 15:12) géint Dikrech duerchgesat. D'Partie war vun Ufank u spannend. No engem gewonnene Saz fir Wolz konnt de CHEV den zweete Saz mat zwee Punkten Ënnerscheed fir sech entscheeden. Bei engem Stand vun 2:2 ass et dann an d'Verlängerung gaangen, wou nees déi Wëlzer Ekipp knapp d'Nues vir hat an domat an déi nächst Ronn anzitt.
Am anere Match vum Owend gouf et eng kloer 3:0-Victoire (25:18, 25:14, 25:19) fir Mamer um Belair.
Och e Samschdeg gouf et eng Rei kloer Resultater. Péiteng hat keng Problemer beim 3:0 (25:18, 25:21, 25:22) zu Luerenzweiler, genee wéi Iechternach bei der 3:0-Victoire (25:14, 25:10, 25:13) bei Amber-Lënster. Mam selwechte Resultat huet Stengefort d'Damme vum Escher VBC (25:15, 25:23, 25:15) heemgeschéckt.
Déi spannendst Partie an der Damme-Coupe gouf et tëscht Fenteng a Stroossen, wou sech d'Gaaschtekipp um Enn mat 3:2 (18:25, 28:26, 21:25, 25:21, 15:11) duerchsetze konnt.