Stroossen setzt sech bei den Häre kloer géint Dikrech duerch

© pressphoto (Archiv)
Stroossen bleift ongeschloen, genau wéi de VC Luerenzweiler, deen de Spëtzematch um Samschdeg zu Bartreng gewonnen hat.
Hären
Am Spëtzematch vum 5. Spilldag an der héchster Volleyballliga huet sech Luerenzweiler no spannende fënnef Sätz beim Volley Bartreng duerchgesat. D'Ekipp aus dem Uelzechtdall setzt sech knapp 3:2 (25:20, 26:24, 21:25, 18:25: 15:11) duerch, nodeem si no zwee Sätz schonn 2:0 virlouchen. Bartreng huet am drëtten a véierte Saz nach eng Kéier alles investéiert a gouf mam Ausgläich belount. Am decisive fënnefte Saz huet Luerenzweiler dunn awer d'Iwwerhand behalen a bleift an dëser Saison ongeschloen.
Um Sonndeg ass Stroossen nogezunn an huet däitlech mat 3:0 (25:17, 25:11, 25:18) géint Dikrech gewonnen.
Donieft huet de Belair mat 0:3 (21:25, 15:25, 20:25) géint Iechternach verluer. Fenteng huet Amber-Lënster och mat 3:0 (25:16, 25:17, 25:12) geklappt.
Resultater Hären
Dammen
Am Dammechampionnat hat d'Gym beim 3:0 (25:15, 25:15, 25:11) keng Problemer mam Volley Bartreng a steet weiderhin ongeschloen un der Tabellespëtzt, zesumme mat Walfer.
Och Walfer huet sech mat 3:0 (25:10, 25:13, 25:20) géint Dikrech duerchgesat. Nodeem déi zwee éischt Sätz méi wéi kloer u Walfer goungen, huet Dikrech am drëtten Duerchgang nach eng Kéier all d'Kräfte gebündelt a versicht, d'Rudder nach ëmzerappen. Walfer louch tëschenzäitlech 8 Punkten a Réckstand, konnt dësen awer nach ophuelen an de Saz souguer fir sech entscheeden.
Um Sonndeg huet Mamer souverän mat 3:0 (25:19, 25:17, 25:11) zu Stengefort gewonnen.
Péiteng huet sech mat 3:0 (25:12, 25:22, 25:20) géint Esch behaapt.